| lb | fr | pt | en |
Elo um Bichermaart: D’Lukas-Evangelium
Di 4 Evangelien sinn elo op Lëtzebuergesch ze kréien – Bestellt elo Äert Exemplaire vum Lukas-Evangelium
„Am perséinleche Gebiet, an der Katechees an am Austausch a Bibelgruppen dréit d’Liesen an d’Meditéiere vun den Texter vun der Helleger Schrëft […] zu enger Beliewung vum chrëschtleche Glaf bäi.“
+ Jean-Claude Kardinol Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
Am Joer 2009 gouf den Evangeliar publizéiert mat den Evangelie vun alle Sonndeger a vun de grousse Feierdeeg. D’Evangelium nom Matthäus, D’Evangelium nom Johannes an D’Evangelium nom Markus sinn 2018 erauskomm, elo gouf och D’Evangelium nom Lukas op Lëtzebuergesch verëffentlecht an ass an e puer Wochen ze kréien. D’Iwwersetzunge si gemaach gi vum Grupp fir d’Iwwersetzung vun der Bibel op Lëtzebuergesch.

Di 4 Täschebicher, éditéiert vum Äerzbistum, si bei Books on Demand erauskomm:
D’Evangelium nom Matthäus (ISBN 978-3-7528‐1519‐1, 124 Säiten),
D’Evangelium nom Johannes (ISBN 978‐3-7528-1517-7, 100 Säiten),
D’Evangelium nom Markus (ISBN 978-3-7448-8586-7, 88 Säiten),
an elo nei: D’Evangelium nom Lukas (ISBN 978-3-7504-1774-8, 136 Säiten);
Books on Demand, 12 x 19 cm, 7 Euro (E-Book: 5,49 Euro).
Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.
Elo am Online-Handel - z. B. www.bod.de/buchshop an www.amazon.de
an och am Service Communication et Presse ze kréien!
Dir kënnt d’Buch (d’Bicher) geschéckt kréien (+ Porto) oder selwer ofhuelen.
| Service Communication et Presse Centre Convict – Entrée H, 1er étage 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg |
oder Centre Jean XXIII 52, rue Jules Wlihelm L-2728 Luxembourg |
Hei kënnt Dir Är Bestellung opginn…




YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr