| lb | fr | pt | en |
De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet zwou Flüchtlingsfamilljen empfaangen
D’Familljen aus dem Flüchtlingslager vu Lesbos gi vun der Lëtzebuerger Kierch encadréiert a betreit
Am spéiden Dënschdeg Moien sinn zwou Flüchtlingsfamilljen zu Lëtzebuerg um Findel ukomm a gläich dono vum Kardinol Jean-Claude Hollerich am Bëschofshaus empfaange ginn, wou hie mat hinnen zu Mëtteg giess huet. An der Suite vun der Rees op Lesbos an der Visite vum Flüchtlingslager am Mee dëst Joer hat de Mgr Hollerich sech engagéiert, als e konkret Zeeche vu Solidaritéit an Nächsteléift, an Ofsprooch mat de griecheschen an de lëtzebuergeschen Autoritéiten Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg wëllkomm ze heeschen a si en charge ze huelen.

Bei den zwou Familljen handelt sech ëm eng Famill aus dem Kuwait (Beduine mat zwee Kanner am Alter vu 5 an 8 Joer) an ëm eng Famill aus Syren (och mat zwee Bouwen, Zwillinge vu knapp 2 Joer). Si kommen no enger kuerzer Iwwergangszäit an enger Structure d’accueil an zwee Appartementer an engem Haus hei am Land ënner. D’Famillje ginn encadréiert vun der Ekipp vu Reech eng Hand.
Am Kader vun der Bëschofswei vum Mgr. Leo Wagener a vun der Kardinolskreatioun vum Mgr. Jean-Claude Hollerich waren d’Leit ë.a. invitéiert ginn, en Don fir den Accueil an den Encadrement vun deenen zwou Flüchtlingsfamilljen ze maachen. Ganz vill Leit waren där Invitatioun nokomm, ronn 76.000 Euro sinn iwwer dëse Wee fir dësen Hëllefsprojet erakomm. E ganz grousse Merci fir all Geste vu Solidaritéit!

Wann och Dir en Don maache wëllt, da klickt hei.
Liest zu deem Sujet och:
- Aktivitéiten 2016 . Activités 2016
- Aktivitéiten 2020 . Activités 2020
- Aktivitéiten 2015 . Activités 2015
- Aktivitéiten 2017 . Activités 2017
- Aktivitéiten 2014 . Activités 2014
- De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet seng Titelkierch zu Roum a Besëtz geholl
- Pope Francis offers blessings to COMECE and CEC on their anniversaries
- „E schinge Bonjour vom Poopst“
- Le Président Juncker dialogue avec les évêques de l’UE
- Danksagungsfeier fir de Kardinol Jean-Claude Hollerich an der Kathedral
- Jésus n’est pas venu apporter la brise du soir, mais un feu sur la terre
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich dankte 15 Priestern für langjährigen Dienst in der Kirche


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76