| lb | fr | pt | en |
Schéin Dech ze gesinn!
Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet e Mëttwoch mat Kanner vu Sandweiler un enger Porkateches deel geholl - E puer flott Impressiounen
Ronn 9.000 Kanner si landeswäit an der neier Porkateches ageschriwwen a ginn an den 33 Poren vun den Titularkatechet(inn)en a vun engagéierten Elteren an anere Leit encadréiert. Fir sech um Terrain e Bild ze maachen, huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich um Mëttwoch Nomëtten un enger vun de Katechesen an der Por Iewescht Syr Saint Esprit deelgeholl.
D’Kanner vu Sandweiler vum Cycle 2.2 (2. Schouljoer) hu sech mam Thema vum Auszuch aus Ägypten - “Gott befreit säi Vollek” - befaasst. Iwwer 20 Kanner waren derbäi, zesumme mat enger Mamm, déi d’Kanner begleet, der Titularkatechetin Monique Fischer an dem Paschtouer Nico Schartz.
D’Kanner an hir Eltere ware positiv iwwerrascht, datt de Bëschof an eng Kateches kéim, fir esou z’erliewen, wéi dat an der Por konkret geet an domadder ze weisen, wéi wichteg d’Kateches an de Poren fir hien an och fir d’ganz Diözes ass. Mam Lidd “Schéin Dech ze gesinn” ass et lass gaangen... an esou hunn d’Kanner vu Sandweiler entdeckt, wien haut bei si op Besuch kéim. Si hu vun der Geleeënheet profitéiert, fir dem Äerzbëschof vill Froen ze stellen.
Nodeems den héige Gaascht hinnen erzielt huet, wien hie wär a wéi säin Dag giff ausgesinn, hunn d’Kanner him mat Hëllef vu Symboler gesot, wat si schon alles vum Moses geléiert hunn. Un Hand vun engem Bild vum Sieger Köerder hu si eng Fra op engem Bild beschriwen, eng Fra (Mirjam), déi frou ass an danzt. D’Monique Fischer huet du eng ganz flott Geschicht aus den Aen vun engem Jong erzielt, dee vu sengem Bopa wollt wëssen, wéi déi Geschicht mat dem Moses weider gaangen ass… Och d’Kanner selwer goufe gefrot, wéi si da giffe mengen, wat d’Suite vun der Geschicht wier. Et gouf gesongen, mat den Hänn op eng Trommel geklappt a gedanzt. D’Lidd “Kommt herbei, singt dem Herrn, ruft ihm zu, der uns befreit…” hunn d’Kanner esou intensiv matgesongen, datt et engem waarm ëm d’Häerz gouf, sou de Paschtouer Nico Schartz. D’Kanner hu wirklech verstaan, datt Gott deen ass, deen äis befréit. Op engem Blat hu si geschriwwen, wat d’Israeliten voller Freed dem Härgott gesongen oder am Gebied gesot hunn. Mat groussem Interessi huet den Äerzbëschof gelies, wat d’Kanner opgeschriwwen hunn.
Als Ofschloss vun der Kateches ass et däischter ginn, eng Käerz guff ugefaangen an de Bëschof huet Schlussgebiet gemaach. Och no där annerhallwer Stonn sinn d’Kanner beim Bëschof bliwwen an et goufe Fotoe gemaach, fir e klenge Souvenir vun dëser besonnecher Kateches ze hunn.
- Aktivitéiten 2017 . Activités 2017
- Aktivitéiten 2016 . Activités 2016
- Aktivitéiten 2014 . Activités 2014
- Aktivitéiten 2019 . Activités 2019
- Aktivitéiten 2015 . Activités 2015
- Pope Francis offers blessings to COMECE and CEC on their anniversaries
- De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet seng Titelkierch zu Roum a Besëtz geholl
- Rencontre des évêques de l’Euregio à Luxembourg
- Nach einem historischen Jahr optimistisch voranschreiten
- E Ginkgo-Bam fir 30 Joer Massendénger am Gaart vum Bëschofshaus geplanzt
- « Un pauvre crie, le Seigneur entend » (Ps 33,7)
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich dankte 24 Priestern für langjährigen Dienst in der Kirche


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76